Kann den Här Minister fir Educatioun eis e Verglach vun de Programmer maachen an eis soe wou déi kruzial Ënnerscheeder an de Programmer sinn, déi et erlaben, dass de BAC an nëmme 6 Joer ofgeschloss ka ginn an net a 7 Joer wéi an de klassesche Lycéeën?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun weiderzeleeden.

An de lëtzebuerger klassesche Schoulen schléissen d’Schülerinnen an d‘Schüler den Enseignement Secondaire no 7 bestanene Schouljoer of wärend deems d’Schülerinnen an d‘Schüler déi eng Europaschoul besichen, de Lycée schonn no 6 bestanene Schouljoer ofschléissen.

An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun stellen:

  • Kann den Här Minister fir Educatioun eis e Verglach vun de Programmer maachen an eis soe wou déi kruzial Ënnerscheeder an de Programmer sinn, déi et erlaben, dass de BAC an nëmme 6 Joer ofgeschloss ka ginn an net a 7 Joer wéi an de klassesche Lycéeën?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck