Wéi vill Fäll vu Salmonelle a Ferrero Produiten sinn der Regierung hei zu Lëtzebuerg bekannt?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës dréngend parlamentaresch Ufro un d’Madame Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden.
Nodeems a verschiddene Schockelasprodukter vun der Mark Kinder, enger Duechtergesellschaft vum Schockelas- a Séissegkeeteproduzent Ferrero mat Sëtz zu Lëtzebuerg, Salmonelle fonnt gi sinn, huet d‘Agence fédérale pour la sécurité de la chaîne alimentaire (Afsca) an der Belsche, fir d’éischt verschidden an dono all, d‘Produkter vun der Mark Kinder zeréckgeruff, déi an der Kinder-Fabrick zu Arel produzéiert gi sinn. Hei zu Lëtzebuerg rifft d’Liewensmëttelagence och verschidde Produkter vun der Mark Kinder zeréck. Doriwwer eraus ass an der belscher Presse ze liesen, dass schonn de 15. Dezember 2021, Fäll vu Salmonellen an der Fabrick zu Arel fonnt gi sinn, respektive dem Produzent bekannt waren.

An dësem Zesummenhang, géing ech gär folgend Froen un d’Madame Ministesch fir Konsumenteschutz stellen:

– Wéi vill Fäll vu Salmonelle sinn an dësem Fall der Regierung hei zu Lëtzebuerg bekannt?
– Wéi e Volumen un Produkter sinn hei zu Lëtzebuerg vum Réckruff concernéiert a bis elo zeréckgeruff ginn?
– Wëssend, dass dem Produzent Fäll vu Salmonellen an den eegene Produktiounssite schonn de 15. Dezember bekannt waren, wéi eng Konsequenzen huet d’Regierung zu dem Zäitpunkt aus dëser Alerte gezunn?
– Wéi eng Léiere sinn der Regierung no aus dësem Virfall ze zéien?
– Wëssend, dass op der Internetsäit securite-alimentaire.lu dëse Réckruff réischt géint 18h00 online gaangen ass, firwat ass an engem kriteschem Fall ewéi dem heiten, an dat kuerz virun Ouschteren, de Réckruff net éischter ugekënnegt respektive gestart ginn?
– Well em d’Zäit vun Ouschteren oft Schockelas- an Iwwerraschungseeër vun der betraffener Mark och u kleng Kanner verschenkt ginn, ass et em sou méi wichteg, ganz séier virzegoen. Wéi gedenkt d’Regierung virzegoe fir d’Léit adequat a séier z’informéieren an d’Produkter aus de Regaler an de Geschäfter ze huelen?

Octavie Modert

Zréck