Gëtt et, ausser der Wanteraktioun (WAK), keng Noutfall-Struktur fir déi Obdachlos, bei wanterlechen Temperaturen, iwwer den 31. Mäerz raus, kënnen ze hebergéieren?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

 

Op rtl.lu steet ze liesen, dass trotz wanterleche Konditiounen d’Wanteraktioun (WAK) op den 1. Abrëll hir Dieren zougemaach hätt. Ee Streetworker beschreift d’Situatioun dowéinst sou:

 

Mir hunn gëschter ronn 25 Appeller kritt vu Leit, déi soss an der WAK geschlof hunn, an elo net wësse wouhin. Mir hunn awer leider just dräi Better d’urgence disponibel, sinn also immens limitéiert, wann dorëms geet, Leit a Foyeren ënnerzebréngen. Mir versichen amplaz Schlofsäck ze verdeelen. Leider sinn eis soss d’Hänn gebonnen. D’Zäit no der Wanteraktioun ass ëmmer esou komplizéiert. A wat dat Ganzt natierlech verschlëmmert, ass, datt et den Ament esou kal ass dobaussen”

 

Wëssend dass, laut meteolux, nach bis e Méindeg Minusgraden (bis -5 Grad) an der Nuecht gemellt sinn, wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Familljeministesch stellen:

 

  • Deelt d’Madamm Ministesch d’Aschätzung vum uewegenannte Streetworker, dass Schlofsäck bei Temperaturen vu bis zu -5 Grad, keng adequat Léisung duerstellen?

 

  • Wéi eng Beméihungen gouf et vu Säite vum Ministère fir de Leit op der Strooss kuerzfristeg eng Iwwernuechtungsméiglechkeet unzebidden?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis soen, ob d’Better vun der WAK aktuell vun anere Persounen beluecht sinn?

 

  • Wa jo, ass d’Struktur komplett oder just zum Deel besat? Ass et am Fall vun enger Deelbeleeung net méiglech och den Obdachlosen eng Iwwernuechtungsméiglechkeet unzebidden?

 

  • Wann net, aus wéi eng trifftege Grënn kënnen déi konventionéiert Associatiounen, iwwer den 31. Mäerz raus, net op dës Better zréckgräifen?

 

  • Misst d’Deadline vum 31. Mäerz fir d’Enn vun der WAK net iwwerduecht ginn ?

 

  • Gëtt et, ausser der Wanteraktioun (WAK), keng Noutfall-Struktur fir déi Obdachlos, bei wanterlechen Temperaturen, iwwer den 31. Mäerz raus, kënnen ze hebergéieren?

 

  • Wann net, ass et vu Säiten vum Ministère ugeduecht sou eng Struktur op d’Been ze stellen?
    • Wa jo, firwat ass dat bis haut nach net geschitt? Ginn et an där Hisiicht scho konkret Pläng? Wa jo, wéi eng?

 

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

 

 

Max Hengel                                                                Paul Galles
Deputéiert

Zréck