Wëssend, dass den Numm My energie an de Logo e grousse Wiedererkennungswäert bei de Léit haten, wat waren d’Grënn fir de Logo an den Numm ze änneren?

Här President,

 

Esou ewéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie a Landesplanung weiderzeleeden.

 

Fir private Léit, de lëtzebuerger Betriber, de Gemengen an dem Staat bei Klima- an Energiefroen ënnert anerem am Kader vu Renovatiounsaarbechte mat professioneller Expertise a Rot bäizestoen, gouft 2009 d‘Plateforme My energie an d’Liewe geruff. De 15. Mäerz huet My energie nieft enger néier Strategie a Missioun och eng néi Kommunikatiounsstrategie presentéiert an an dem Zesummenhang Numm a Logo geännert.

 

An dësem Kontext géinge mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Energie a Landesplanung stellen:

 

  • Wëssend, dass den Numm My energie an de Logo e grousse Wiedererkennungswäert bei de Léit haten, wat waren d’Grënn fir de Logo an den Numm ze änneren?
  • Wat fir en Mehrwert erwaart en sech konkret vum néie Logo an dem neiem Numm?
  • Wat war de Käschtepunkt vun der néier Strategie a wéi vill gouft fir d’Ausschaffe vun dëser néier Corporate Identity ausginn?
  • Wat ass de Käschtepunkt vun der Mediecampagne fir dës nei Corporate Identity no baussen hin bekannt ze machen?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Diane Adehm                                                    Paul Galles

Deputéiert                                                                Deputéierten

Zréck