Kënnen d’Ministere mir d’Unzuel vun Demande soen, déi fir d’Ewechmaache vu Beem an enger Natura-2000-Zon eragereecht gi sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister an un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Wéinst ëmmer nees schwéiere an dacks déidleche Verkéiersaccidenter duerch Kollisioune mat Beem bleiwen déi sougenannte Stroossebeem leider en Dauerthema. De 24. Januar 2022 hat ech via Question parlementaire schonn eng Partie Froen zu deem Sujet opgeworf, allerdéngs sinn déi net alleguer zu menger Zefriddenheet beäntwert ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister an un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:

  • Kënnen d’Ministere confirméieren, dass mat der Ëmsetzung vum 29. Januar 2019 ugekënnegte Pilotprojet um CR132 an der Gemeng Jonglënster tëschent Gonnereng an Eschweiler, fir Beem an déi ugrenzend Felder ëmzeplanzen, nach net ugefaange gouf?
    • Wa jo, wat ass de Grond dofir, dass zanter méi wéi 3 Joer näischt geschitt ass?
  • Wat mengen d’Ministere konkret mat der Äntwert, et wieren „nach net vill Beem duerch Hecken ersat ginn“ op d’Fro, wéi vill Beem op nevralgesche Punkte vum Stroossereseau ewechgeholl an duerch Hecken ersat gi sinn?
    • Wéi héich ass d’Zuel vu Beem, déi duerch Hecken ersat gi sinn?
  • Kënnen d’Ministere mir d’Unzuel vun Demande soen, déi fir d’Ewechmaache vu Beem an enger Natura-2000-Zon eragereecht gi sinn?
    • Wéi vill dovu si refuséiert ginn a firwat?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck