Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Wandmillen un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.
D’Wandenergie ass e wichtege Pilier fir ons Klimaziler ze erreechen a gläichzäiteg ons méi onofhängeg vun de fossillen Energieimporter, wéi zum Beispill aus Russland, ze maachen. D’Geneemegungsprozedure fir eng Wandmillen opzeriichte sinn awer relativ komplex a laangwiereg.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:
- Wéi eng Projet’en fir Wandmille goufen um Ëmweltministère an de leschten 10 Joer agereecht?
- Kann d’Ministesch eenzel oplëschte wou di Projet’en jeeweils dru sinn?
- Wéini sinn se an d‘Prozedur gaangen, jeeweils opgelëscht no Kommodo an Naturschutzgeneemegung?
- Wéini ass eng definitiv Decisioun fir de Bau am Ëmweltministère geholl ginn?
- Wéi vill a wei eng Projet‘en si geneemegt ginn?
- Wéi vill a wei eng Projet‘en si refuséiert ginn?
- Wat ware d’Grënn vun engem Refus?
- Wéi eng Projet’en sinn de Moment nach an der Prozedur?
- Wéini sinn se agereecht ginn?
- Wou ass di Geneemegungsprozedur drun?
- Wéi laang dauert eng Geneemegungsprozedur am Duerchschnëtt (vun der initialer Planung bis zur fäerdeger Wandmillen di Energie produzéiert)?
- Wéi oft koum et zu Verzögerungen opgrond vu Kloe vun Intressevertrieder oder Biergerinitiativen?
- Ass ee gewëllt di Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen an ze entbürokratiséiere?
- Wann jo, wéi wëll een dat erreechen?
- Wann nee, wat sinn d’Grënn?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Paul Schaaf
Deputéierten
Zréck