Wat äntwert d’Ministesch de Gemengen di wëlle lokal d’erneierbar Energië, wéi eng Wandmillen opriichten, fërderen, an hiren Deel zur Bewältegung vun der Klimakris bäidroen, an di awer keng alternativ Standuerter op hirem Territoire hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Wandpark Uewerkuer un d’Ëmweltministesch weider ze leeden.

D’Wandenergie ass e wichtegen Deel vun onser Strategie fir der Klimakris entgéint ze wierken, an awer och fir ons méi onofhängeg vun de fossillen Energieimporter ze maachen. D’Gemenge spillen dobäi bei der Ëmsetzung eng wesentlech Roll. Zu Déifferdeng wëll d’Gemeng eng Wandanlag bauen, krut dëst awer bis ewell nach net vum Ëmweltministère autoriséiert, virun allem opgrond vu Fliedermaispopulatiounen di an ënnerierdeschen Höhlen liewen.

Solarpower SA huet, am Kontext vun den Naturschutzgeneemegunge fir de Wandpark Uewerkuer, Gutachten duerchféiere gelooss wou erauskoum, dass et schonn natierlecherweis zu Erdrutschungen am Gebitt (och ouni etwaeg Buerunge fir eng Wandanlag opzeriichten) koum ass: «Ein Verbruch noch vorhandener Hohlräume ist somit unabhängig von einer Windparkerrichtung zu erwarten und im Gange». Weider gouf am Gutachte festgehalen, dass wann sech d’Fliedermais ugesidelt hunn, dass dat trotz dem Verbruch konnt geschéien an domat dëse keng staark Beanträchtegung fir d’Populatioun ka sinn. Och ginn et keng Alternativen zum ënnersichte Standuert an der Gemeng Déifferdeng. De Gutachte kënnt also zum Schluss dass «eine Ausnahme nach Artikel 33.1 des aktuellen Naturschutzgesetzes auf Basis der Grundlage des überwiegenden öffentlichen Interesses und des Fehlens zumutbarer Alternativen möglich ist».

D’Ministesch huet an engem Schreiwes geäntwert, dass fir si de Bau vun der Wandanlag net ënnert dës Ausnameregelung fält.

Lo huet sech duerch de Konflikt an der Ukrain awer en neit Element entwéckelt: Mir sinn ons onser Ofhängegkeet vun Autokrate nach méi bewosst ginn a musse bzw. wëllen dëst schnellstméiglech zu Lëtzebuerg souwéi an der gesamter EU änneren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Ass d’Ministesch virum Hannergrond vum Konflikt an der Ukrain, souwéi der extremer Ofhängegkeet vu Lëtzebuerg vun de fossillen Energien, nach ëmmer der Meenung dass eng Wandmillen net vu bedeitendem ëffentlechen Interessi ass fir deen d’Ausnameregelung am Naturschutzgesetz kann ugewannt ginn?
  • Wat äntwert d’Ministesch de Gemengen di wëlle lokal d’erneierbar Energië, wéi eng Wandmillen opriichten, fërderen, an hiren Deel zur Bewältegung vun der Klimakris bäidroen, an di awer keng alternativ Standuerter op hirem Territoire hunn?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck