Wéi vill Leit hunn hire Juegdschäin an de lëschte Joren am Ausland gemaach an zu Lëtzebuerg eng Equivalenz ugefrot?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro iwwert Juegdschäiner un Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

 

D’Natur a Bëschverwaltung ass zu Lëtzebuerg déi verantwortlech Instanz fir d’Organisatioun vun de Cours’en, de praktesche Stage an den Exame vun den zukünfteg Jongjëer. Fir Sessioun 2022/23 kann een sech nach bis den 1. Abrëll 2022 androen. Par Rapport zu de virrechte Joren ass des Kéier awer Zuel vun Umeldunge op 50 limitéiert. Domadder gëtt d‘Unzuel vu potentielle Kandidate scho virop limitéiert ouni ze wëssen op net eng méi héich Demande un Kandidaten do wier. Laut mengen Informatiounen haten sech zum Beispill fir Sessioun 2021/22 eng 110 Léit ageschriwwen.

 

An dësem Kontext wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

 

  • Aus wei enge Grënn ass d’Unzuel vu Kandidate fir Sessioun 2022/23 op 50 Kandidate limitéiert?
  • Fäert Madamm Minister net, dass sou eng Limitatioun op laang Sicht negativ Repercussiounen op d’Unzuel vu Jeeër kéint hunn, déi dann net méi hire Flichte kéint nokommen esou wei se vun der Gesetzgebung virgi sinn?

 

Laut Juegdgesetz kann een och säi Juegdschäin am Ausland maachen an zu Lëtzebuerg dann eng Equivalenz ufroen.

 

  • Wéi vill Leit hunn hire Juegdschäin an de lëschte Joren am Ausland gemaach an zu Lëtzebuerg eng Equivalenz ugefrot? Wéi vill sinn accordéiert respektiv refuséiert ginn? Wat waren Grënn vum Refus?

 

Mat déiwem Respekt.

 

 

 

 

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck