Wéi eng Konsequenzen zitt de Kooperatiounsminister aus senger Visitt am Niger an am Benin an a wéi engem Hisiicht beaflosst dës Visitt der Regierung hir Positioun um Sommet EU-AU ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zum sechste Sommet tëschent der Europäescher Unioun an der Afrikanescher Unioun un de Minister fir Kooperatioun an den Aussen- an Europaminister weider ze leeden.

De 17. an 18. Februar fënnt de sechste Sommet tëschent der Europäescher Unioun an der Afrikanescher Unioun statt. Dat laangfristeg Zil vun dësem Sommet ass en « Investitiounspak Europa-Afrika », dat deenen zwee Kontinente soll zu méi Wuelstand verhëllefen. Weider soll op dem Sommet eng gemeinsam Visioun fir 2030 presentéiert ginn. Rezent war de Kooperatiounsminister jo och op enger Visitt am Niger an am Benin fir d’Kooperatioun tëschent dem Grand-Duché an dëse Länner weider ze ënnerstëtzen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung um Sommet EU- AU?
  • Wéi eng Konsequenzen zitt de Kooperatiounsminister aus senger Visitt am Niger an am Benin an a wéi engem Hisiicht beaflosst dës Visitt der Regierung hir Positioun um Sommet EU-AU ?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck