Kënnen d’Häre Ministeren mir eng Iwwersiicht zoukomme loosse mat der Verdeelung vun der Wunnuerter vun de Schüler vun der Akerbauschoul, iwwer dat ganz Land gekuckt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden.

Zum Zäitpunkt vun der Planung vum Lycée technique agricole zu Gilsdref gouf vill iwwer d‘Méiglechkeet vu Parkplazen diskutéiert. Als Kompromëss gouf um Enn deen aktuelle Parking zréckbehal, mat 100 Plaze fir d’Enseignanten, dat technescht an dat administratiivt Personal, d’Visiteuren an d‘Fournisseure vun der Schoul.

 

Ëmsou méi misst dowéinst d’Ubannung vun der Akerbauschoul un den ëffentlechen Transport nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn. Grad well de Lycée technique agricole eng Schoul „à formation unique“ ass, misst deen eigentlech esou organiséiert sinn, dass d‘Schüler – ganz egal, a wéi engem Deel vum Land se wunnen – mat engem akzeptaablen Zäitopwand kéinten an den Unterrecht kommen.

Dat ass laut mengen Informatiounen awer net de Fall, an awer wëll d’Regierung keen adequate Parkraum fir d‘Schüler vun der Akerbauschoul respektiv fir d’Leit, déi un de Weiderbildungscoursen deelhuele, virgesinn. Dat geet ganz kloer aus der Äntwert op d’Question parlementaire Nummer 5256 ervir.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute stellen :

  • Kënnen déi Häre Ministeren mir eng Iwwersiicht zoukomme loosse mat der Verdeelung vun der Wunnuerter vun de Schüler vun der Akerbauschoul, iwwer dat ganz Land gekuckt?
  • Hunn déi Häre Ministeren analyséiere gelooss, wéi eng Méiglechkeeten d‘Schüler reell hunn, fir aus hirer Uertschaft mam ëffentlechen Transport an d‘ Schoul ze kommen?
    • Wa jo, kënnen déi Häre Ministeren mir déi Etude zou komme loossen?
    • Wann net, firwat gouf de Schoulwee vun de Schüler net am Detail gekuckt?
  • Sinn déi Häre Ministeren bereet, vun allen Optiméierungsméiglechkeeten ze profitéieren?
    • Wa jo, wéi eng Optiméierungsméiglechkeeten sinn identifizéiert ginn?
  • D’Akerbauschoul bitt ë.a. am Kader vum Agrargesetz eng Partie Weiderbildungen un. Wéi eng Méiglechkeete wëllen déi Häre Ministeren de Leit ginn, déi un dëse Couren deelhuelen, fir hiren Auto kënnen ze parken?
  • An hirer Äntwert op d’Question parlementaire Nummer 4848 hunn déi Häre Ministeren  ë.a. Folgendes geäntwert: Déi Lycéeën, déi eng spezial Formatioun ubidden, verfüge quasi alleguer iwwer een Internat. Dëst soll et de Schüler erlaben, direkt niewent hirer Schoul ze wunnen an d’Transportweeër op ee Minimum ze reduzéieren.“ D’Regierung huet allerdings decidéiert, deen um Site Gilsdref geplangten Internat net ze bauen.
    • Wann een elo déi aktuell Situatioun kuckt, halen déi Häre Ministeren et net awer fir sënnvoll, een Internat um Site ze hunn?
    • Kënnen déi Häre Ministeren mech an deem Kontext iwwer de Fortgang vun de Planungen informéieren, wat de bestoenden „Internat Jacques Brocquart” zu Dikrech ugeet, dee laut der Äntwert op d’Question parlementaire Nummer 4848 an Zukunft virun allem de Schüler aus der Akerbauschoul soll zur Verfügung stoen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck