Wéi vill Wierker vu Schrëftstellerinne stinn an de Sproochefächer am Enseignement secondaire um Programm, opgeschlësselt no offizielle Programm an no Optioun?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an un d’Madamm Minister fir Chancëgläichheet weiderzeleeden.

An de Sproochefächer am „Enseignement secondaire“ genéisst d’Literatur en héije Stellewäert. Mat vill Engagement féieren d’Enseignanten d’Schüler un d’Wierker vun de wichtegste Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus de jeeweilegen Epoche vun der Literatur erun.

Am Kontext vun der Literaturvermëttlung am postprimären Unterrecht wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister a subsidiaresch un d’Madamm Minister fir Chancëgläichheet stellen:

  • A wéi engem Mooss gëtt bei der Opstellung vum Léierplang an de Fächer Wäert op e Gläichgewiicht tëscht Wierker vu weiblechen a männlechen Auteure geluecht? Wéi ass aktuell d’Verhältnis tëschent literareschen Texter vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller?
  • Wéi vill Wierker vu Schrëftstellerinne stinn an de Sproochefächer um Programm, opgeschlësselt no offizielle Programm an no Optioun?
  • Wéi héich ass den Undeel vun Texter a vu Wierker vu Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller am „Enseignement secondaire“, opgedeelt no Klass, Sektioun an/oder Optioun?
  • Kann den Här Minister eng Lëscht mat de Wierker vun de Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller virleeën, déi am postprimären Unterrecht behandelt ginn, opgedeelt no Klass, Sektioun an/oder Optioun?
  • Dem Koalitiounsofkommes no soll déi lëtzebuergesch Sprooch a Kultur am Lycée méi eng grouss Roll spillen („Chaque élève des classes supérieures aura la possibilité de suivre des cours facultatifs en matière d’expression écrite du luxembourgeois et d’histoire culturelle du pays.“). De Programm gouf op bestëmmte Klasse mëttlerweil ugepasst oder en entspriechend Optiounsfach agefouert. Gouf eng Auswäertung dovun duerchgefouert? Wa jo, no wéi enge Critèren a wat sinn d’Réckschlëss vum Här Minister?

Här President, ech bieden Iech, mäi Respekt unzehuelen.

 

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck