Wéi eng Zousazmossnahmen kennen an der Landwirtschaft a Fro kommen fir Klimaziler ze areechen?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Op eng Fro an der Chamber iwwert de Bilan vun de sektorielle Klimaziler vun 2021 an eventuellen Kompensatiounen teschend den 5 Sektoren huet Madamm Ëmweltminister präziséiert, dass fir Joer 2020 Zilsetzung vun 20% mat 22% iwwertraff ginn ass. Déi gréissten Resultater goufen am Beräich vum Transport realiséiert, an de Beräicher Industrie, Bau an och d‘Landwirtschaft missten awer nach méi Ustrengungen ënnerholl a Zousazmesuren ergraff ginn. Zesummen mat den eenzelen Acteure déi am Klimagesetz festgehale sinn, wéi de Comité interministériel oder de wëssenschaftlechen Bäirot, soll gekuckt ginn wou een an deene uewegenannten Beräicher wou nach Defiziter bestinn kann noleeën.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéini sollen déi eventuell geplangten Zousazmossnahmen decidéiert ginn?
  • Wéi eng Zousazmossnahmen kennen an der Landwirtschaft a Fro kommen?
  • Ginn bei der Ausaarbechtung vun eventuellen Zousazmossnahmen Leit vum Secteur mat agebonnen an wéi gesäit déi Abannung aus?

 

Mat déiwem Respekt.

 

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck