Europa huet ugekënnegt selwer Produktiounskapazitéite fir Chip’en opzebauen, zum Beispill duerch de Bau vu Mega-Fabrike. Huet Lëtzebuerg schonn säin Interesse fir esou eng Fabrik gemellt ?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

An engem rezenten Interview huet den EU-Kommissär fir de Bannemäert Thierry Breton ugekënnegt bis 2030 eng 45 Milliarden Euro an déi europäesch Chip-Produktioun wëllen ze investéieren an esou zu enger Weltmuecht an dësem Beräich ze ginn.

 

Konkret sot den Här Breton : „Wenn wir in den Märkten der Zukunft zu den führenden Kräften gehören wollen und nicht nur der Subunternehmer von wem auch immer sein wollen, muss die EU jetzt handeln….Ein Europa der Mega-Fabriken, das den Eigenbedarf sicherstellen kann und zugleich die Weltmärkte erobern und exportieren kann.“

 

Fir onofhängeg vun den Haaptproduzenten Taiwan, Südkorea, China an Amerika ze gi misst Europa selwer Produktiounskapazitéite fir Chip’en opbauen z.b duerch de Bau vu puer Mega-Fabrike.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen.

 

  • Huet Lëtzebuerg schonn säin Interesse fir esou eng Fabrik gemellt ?
  • Ass den Här Minister amgaang proaktiv fir de Standuert Lëtzebuerg ze werben?
  • Hat den Här Minister an deem Sënn scho Kontakt mat de weltgréisste Chip-Hiersteller?
  • Ka Lëtzebuerg e Standuert fir esou eng Mega-Fabrik proposéieren?
  • Wann net ass scho gekuckt e passende Standuert an der Groussregioun ze fannen ?

 

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck