Wéi vill Sue goufen 2021 duerch d’CO2-Steier vum Staat ageholl? Wéi konnten di sozial schwaach gestalten Haushälter vun dëse Gelder profitéieren?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur CO2 Steier un d’Madamm Ëmweltministesch an de Minister fir Energie weider ze leeden.

De CO2-Präis ass dat wichtegst Instrument am Kampf géint d’Klimakris. Säit Ugangs vum leschte Joer gëtt et och zu Lëtzebuerg en CO2-Präis mat engem relativ niddregen Aganksmontant..

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Wéi vill Sue goufen 2021 duerch d’CO2-Steier vum Staat ageholl?
  • Wéi goufen dës Suen detailléiert verdeelt, dat heescht engersäits a wéi eng Klimaschutzmoossnamen oder Programmer, an anerersäits a wéi eng konkret sozial Mesuren?
  • Wéi konnten di sozial schwaach gestalten Haushälter vun dëse Gelder profitéieren? Ginn et heizou Statistiken? Zum Beispill zur Verännerung vun der Kafkraaft duerch d’Allocation de vie chère am Kontext vun der CO2-Steier?
  • Huet se eng Lenkungswierkung gewisen? Wéi vill ass manner un CO2-behaftete Produite kaf ginn am Verglach mat deene leschten 3 Joer?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck