Keng Visitte méi fir Patienten am CHEM : Ginn et nei Konklusioune vun der Cellule de crise a wéi ass d’Situatioun an deenen anere Spideeler ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den CHEM huet haut an engem Communiqué annoncéiert d’Visiteuren/d’Visitten ze suspendéieren, dëst op Grond vum engem Omikron-Cluster am Etablissement. Vir d’Absencen vum Personal, wéi Infirmieren an Dokteren ze kompenséieren, missten déi eenzel Ekippen ëmorganiséiert ginn. Esou kéint d’Spidol weider funktionéieren. Och wieren Covid-Hospitalisatiounen an d’Luucht gaangen. Deemno hätt een méi wéi 50 Persounen déi mam Covid-19 am CHEM hospitaliséiert wieren.
Am Communiqué heescht et datt nëmmen nach Pappen an der maternité, 2 gläichzäiteg Visiteuren vir d’pediatresch Visitten, ewéi och Visitten bei «patients en fin de vie» erlaabt wieren an dëst nom Accord vum Dokter.

De 14. Dezember 2021 hat d’CSV schonns eng Motioun deposéiert wou mer drophigewisen hunn, wéi wichteg et vir d’psychescht Wuelbefannen an eng séier Heelung vu Patienten ass a Kontakt mat deene Leit ze sinn déi hinnen no stinn. An deem Sënn hunn mir d’Regierung opgeruff all néideg Efforten ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt et nach emol zu enger Situatioun kënnt an där keng Visitte méi an de Spideeler méiglech sinn oder just nach Patienten um Liewensenn kënne Visitte kréien an all méiglech Zenarien ze analyséieren fir d’ Visitten vun den Patienten ënnert den noutwendegen Sécherheetsdispositifen sou weit wéi méiglech ze erlaben an doduerch eng Isolatioun vun de Patiente ze verhënneren.

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

D’Madamm Ministesch huet den 14. Dezember 2021 an der Chamber gesot, datt den Aarbechtsgrupp vun der Cellule de crise vum Secteur Hospitalier sech reegelméisseg iwwert d’Fro vun de Patientevisitten an de Spideeler austauscht. Sinn bei dësen reegelméissegen Austauscher nei Konklusiounen gezu ginn ?
Wat bedeit et konkret datt eng Visitt “en fin de vie” mam Accord vum Dokter erlaabt gëtt? Kënnen des Patienten déi lescht Wochen, Deeg oder just Stonnen Besuch kréien?
Wann d’ Leit wëllen verhënneren datt d’ Patienten keen Besuch kënnen kréien, och wann se schwéier krank sinn gëtt et jo och d’ Méiglechkeet vun “soins palliatifs” doheem. Gin et genuch Ekippen vir des Soins palliatifs ze assuréieren ?
Wéi gesäit d’Situatioun an deenen aneren Spideeler aus ? Wéi vill Fleege- an Gesondheetspersonal kann Covid-19 bedéngt net schaffen? Wéi vill Prozent mécht dat vun den Ekippen aus ? Hunn schonns verschidden Unitéiten missten zougemaach ginn ? Wann jo – wéi eng?
Wéi gesäit d’Situatioun am Rehazenter aus ?
Wëssend datt laut dem Gesetz N°7943 d’Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint sech net mussen testen loossen, ass d’Madamm Ministesch net och der Meenung dass dës och missten vir d’Visitten getest ginn vir méi Sécherheet ze garantéieren? Gesäit d’Madamm Ministesch an deem Sënn eng entspriechend Upassung vum Gesetz vir ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin

Zréck