Wéi gesäit déi steierlech Behandlung vu Geschäfter mat Kryptowärungen aus ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

 

Kryptowärungen suergen ëmmer nees fir Schlagzeilen. Déi steierlech Behandlung am Fall vun Transaktiounen mat dëse Wärungen ass dem normale Steierzueler net onbedéngt bekannt.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzminister weiderleeden :

 

  • Wéi gesäit déi steierlech Behandlung vu Geschäfter mat Kryptowärungen aus ?

 

  • Wéi eng Deklaratiounsflichten ergi sech doduerch fir de Steierzueler ?

 

  • Wéi eng Strofen riskéiert de Steierzueler, deen dëse Flichten net nokënnt ?

 

  • Wéi kontrolléiert d’Steieramt d’Anhalen vun de Gesetzer an dëse Fäll ?

 

 

Mat déifstem Respekt,

Laurent Mosar
Deputéierten

Zréck