Kann d’Regierung mir matdeelen op Lëtzebuerg un ausreechender qualifizéierter Aarbechtskraaft disposéiert vir den Energiewandel, sief et beim Ausbau vun de Photovoltaikanlagen oder bei der energetescher Renovatioun/Sanéierung vu Gebaier, an den nächsten Joer ëmzesetzen ?

Här President,

 

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie, un den Här Minister fir Mëttelstand, ewéi un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

 

Aus der Frankfurter Allgemeine Sonntagszeitung vum 16. Januar 2022 geet ervir, datt ee Probleem beim Realiséieren vun den Klimaziler an Däitschland d’Iwwerlaaschtung vum Bausecteur wier.

 

Wéi vum Här Minister fir Energie annoncéiert ass d’Regierungszil, innerhalb vun den nächsten 8 Joer e grousse Schrëtt a Richtung Elektrifizéierung an Dekarboniséierung ze maachen. Am Kloertext: Et gëtt vill ze dinn vir eise Bausecteur, an spezifesch vir eis qualifizéiert Aarbechtskraaft (e.a. Techniker, Ingenieuren, Handwierker).

Vir esou eng «Rénovation énergétique » ëmzesetzen, a vir dass Lëtzebuerg och weiderhin a Saachen Energieeffizienz un der Spëtzt bléift, brauch een genuch ausgebilten Aarbechtskraaft, sou heescht et och aus engem Artikel am Luxemburger Wort vum 26. Mee 2021.

Ewéi et och an engem Artikel am d’Lëtzebuerger Land vum 30. Juli 2021 heescht : «il faudra rénover une bonne partie du parc immobilier existant pour atteindre les 64 pour cent [de réduction d’émissions CO2] visés d’ici 2030.»

 

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung mir matdeelen op Lëtzebuerg un ausreechender qualifizéierter Aarbechtskraaft disposéiert vir den Energiewandel, sief et beim Ausbau vun de Photovoltaikanlagen oder bei der energetescher Renovatioun/Sanéierung vu Gebaier, an den nächsten Joer ëmzesetzen ?
  • Falls net, huet d’Regierung schonn e Plang wéi se dësem Manktem un ausgebilten Handwierker entgéintsteiert ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck