Kann den Här Minister confirméieren, dass trotz héijem Bedarf am Secteur d’Zuel vun de Bautechniker-Schüler am éischten Ausbildungsjoer am Lycée Josy Barthel zu Mamer am Verglach zu 2011/2012 em 50 Prozent erofgaangen ass ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Fir ze bauen, brauchen eis Entrepreneure gutt ausgebilt a virun allem genuch Personal. Et schaffen zwar vill Leit aus der Groussregioun am Bausecteur, trotzdeem gëtt et aktuell eng Penurie un Aarbechter. Dowéinst spillt d’Ausbildung vu jonke Leit am Baufach hei am Land eng wichteg Roll.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass trotz héijem Bedarf am Secteur d’Zuel vun de Bautechniker-Schüler am éischten Ausbildungsjoer am Lycée Josy Barthel zu Mamer am Verglach zu 2011/2012 em 50 Prozent erofgaangen ass ?
  • Wa jo, wat sinn d’Ursaachen a wat gedenkt den Här Minister z’ënnerhuele, fir deem entgéint ze wierken ?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass aus Plazgrënn vun dësem Schouljoer u keng BTS-Klasse méi kënnen am Lycée Josy Barthel zu Mamer ënnerriicht ginn an dass dës Klassen op de Geesseknäppchen transferéiert gi sinn ?
  • Wa jo, wéi staark sinn d’Ausbildungsplazen an de Baufächer am Mamer Lycée am grousse Ganze limitéiert ?
  • De Lycée zu Klierf sollt am Ufank och Schüler an de Baufächer ausbilden, dat gouf awer dunn op eng spéider Phas reportéiert : Vu wéini u soll et déi entspriechend Ausbildungen zu Klierf ginn ?
  • Wäerten d’Ausbildungen zu Klierf sech, wéi zu Mamer, op den Héichbau konzentréieren ?
  • Wéi eng Bauberuffer sollen allgemeng am Klierfer Lycée ausgebilt ginn ?
  • Wäert mam Ausbau vum Klierfer Lycée och Plaz entstoen, fir d’Ausbildung am Déifbau unzebidden, déi et sou nach net zu Lëtzebuerg gëtt ?
  • Wann net, firwat net ?
  • Wa jo, ass geplangt, och de Lycée zu Mamer an deem Sënn weider ze entwéckelen an auszebauen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck