Rezent goufen eng Rei Konzepter entwéckelt fir de Luedevirgang beim E-Auto ze vereinfachen. Ginn et Konzepter vun der Regierung fir zousätzlech an esou Start-Up’en vun der Elektro-Mobilitéit ze investéieren déi des Technologie fërderen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Fërderung vun neie Konzepter beim Luedevirgang bei der Elektromobilitéit un de Minister fir Energie, de Minister fir Wirtschaft an d’Ëmweltministesch weider ze leeden.

Fir en E-Auto opzelueden, muss een haut normalerweis d’Gefier mat engem Luedekabel un d’Stroumnetz uschléissen. Et goufen an der rezenter Vergaangenheet awer eng Rei Konzepter entwéckelt fir de Luedevirgang ze vereinfachen. Engersäits gëtt um induktive Luede gefuerscht, wou änlech wéi beim Handy, Stroum da fléisst, wann den E-Auto op enger entspriechender Oberfläch steet (oder souguer fiert). Anerersäits gëtt et ee Konzept, wou um Ënnerbueden eng Virriichtung verbaut ass, wouraus en Zylinder erausfiert a mat Hëllef vu enger magnéitescher Funktioun um Lued-Pad, deen sech um Buedem befënnt, undockt. Niewent der Vereinfachung ass et virun allem och eng Méiglechkeet fir d’Stroumnetz ze stabiliséieren an dann automatesch Stroum kënnen ze luede wann d’Stroumproduktioun de Verbrauch iwwersteigt. Duerch sou Luede-Pads kann den Akku och da geluede ginn, wann den Auto eigentlech net per Luedekabel ugeschloss ass a kann esou ggf. Netzkapazitéiten ausgläichen. All dëst wär beim klassesche Luede mat engem Luedekabel net méiglech.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Gedenkt d’Regierung dës Technologie besonnesch ze fërderen (z.B. mëttels Subventionéierung, Pilotprojet’en, etc.)?
  • Ginn et Konzepter vun der Regierung fir zousätzlech an esou Start-Up’en vun der Elektro-Mobilitéit ze investéieren déi des Technologie fërderen?

 

Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar                                                 Paul Galles

Deputéierten                                                   Deputéierten

Zréck