An Däitschland hu Querdenker Dreebréiwer u Schoulen, Léierpersonal a Crèchë verschéckt. Huet de Minister Kenntnis vun esou Virfäll a Schoulen, Lycéen an/oder Crèchen hei zu Lëtzebuerg ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Edukatioun.

 

An Däitschland huet d’Regierung elo rezent bekannt ginn, datt sougenannt « Querdenker » am Kontext vun der Covid19-Pandemie säit leschtem Joer Dreebréiwer u Schoulen, Léierpersonal a Crèchë verschéckt hunn. D’Léierpersonal an d’Verwaltung kréien des Messagë souwuel via Mail oder Chats, a cibléieren d’Infektiounsschutzmossnahmen di an de Schoulen en place gesat goufen.

Des weidere goufen et och Temoignagë vun Demonstratiounen am Ëmkrees vu Schoulgebaier, an awer och Eltrenowende wou Drohunge géigeniwwer vum Schoulpersonal geäussert goufen, déi och a verschidde Fäll zu Plaintë gefouert hunn.

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froen un de concernéierte Minister stellen:

  • Huet de Minister Kenntnis vun esou Virfäll a Schoulen, Lycéen an/oder Crèchen hei zu Lëtzebuerg ?
  • Wa jo, em wéi eng Virfäll handelt et sech do genau ? Wéi eng Mesüre respektiv Konsequenze goufe gezu vis-à-vis vun de Leit di esou Drohunge geäussert hunn, a wat gouf en place gesat fir d’Personal ze schützen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck