Wéi vill Mannerjäreger goufe pro Joer als vermësst gemellt teschend 2018 an 2021 ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här PoliceMinister wéider ze leeden.

 

Ëmmer erëm héiert een an de Noriichten oder via Meldunge vun der Police vu vermësste Kanner a Jugendlecher, och hei zu Lëtzebuerg.

 

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froen un de concernéierte Minister stellen:

  • Wéi vill Mannerjäreger goufe pro Joer als vermësst gemellt teschend 2018 an 2021 ?
  • Gesäit d’Police eng Hausse vu Vermësstemeldunge par Rapport zu de Jore virdrun ?
  • Innerhalb vu wei engem Zäitraum goufen di Betraffen erëm fonnt ? Wat ass den Taux de Réussite ?
  • Ass eppes iwwert d’Grënn vun hirem verschwanne gewosst ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

Nancy Arendt

Deputéiert

Zréck