Wéi eng Mesuren sinn aktuell en Place, fir déi korrekt a gewëssenhaft Duerchféierung vun de Schnelltester am Enseignement ze garantéieren ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no ware rezent e puer Famille mat hire Kanner wéinst enger Covid-19-Infektioun wärend enger ganzer Woch per Ordonnance vun der Santé isoléiert ginn. Wärend dëser Woch kruten dës Famillen awer dräimol e Message, dass hir Kanner am Kader vum Testing negativ an der Schoul getest gi wieren.

Doriwwer eraus hu mir och Kenntnis vun engem Fall, wou Elteren en negatiivt Testresultat aus dem Lycée geschéckt kruten, obschonn hiert Meedchen deen Dag net an der Schoul op de Virus getest gouf.

Virum Hannergrond vun dëse Virfäll wéilte mir folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Huet den Här Educatiounsminister Kenntnis vun dësen respektiv änlech gelagerte Fall a kann hie se confirméieren ?
  • Wéi erkläert sech den Här Minister des Iertemer ?
  • Wéi eng Mesuren sinn aktuell en Place, fir déi korrekt a gewëssenhaft Duerchféierung vun de Schnelltester am Enseignement ze garantéieren ?
  • Wéi eng zousätzlech Moossnamen huet den Här Minister wëlles anzeféieren, fir op déi beschriwwen Iertemer ze reagéieren ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Nancy Kemp ép. Arendt                         Martine Hansen

Deputéiert                                          Co-Fraktiounspresidentin

Zréck