Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Règlement vun der Chamber et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannescht Sécherheet weider ze leeden.
An de lëschten Deeg ass eis zu Ouere komm, dass a leschter Zäit d’Unzuel un Abréch staark an d’Luucht gaangen ass. Concernéiert war eisen Informatiounen no dat ganzt Land a ganz besonnesch d’Stad Lëtzebuerg.
An dësem Kontext wéilte mir dem Här Minister fir bannescht Sécherheet folgend Froe stellen :
- Sinn dem Minister ähnlech Informatioun vun enger rezenter Hausse un Abréch zoukomm ?
- Am Fall wou den Minister esou eng Hausse confirméieren kéint, ginn et schonn éischt Erklärungen fir dës mei héich Unzuel un Abréch ?
- Wann jo, wéi gedenkt den Här Minister kuerzfristeg op dës Hausse un Abréch ze reagéieren ?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Serge Wilmes Laurent Mosar Léon Gloden
Deputéierten Deputéierten Deputéierten
Zréck