Wat sinn der Regierung hir Pläng fir d’Unzuel vu Studentewunnengen erop ze setzen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Héichschoul, un d’Madamm Kulturministesch an den Minister fir Travaux publics weiderzeleeden.

D’Uni.lu zitt all Joers ëmmer méi Jonker un. An de läschte Joren huet sech vill op den eenzele Campusse gedoen, ma et bleiwen awer nach Problemer um Terrain.

Sou sinn d Studente och vum Logementsprobleem hei am Land staark betraff. Den aktuelle Regierungsprogramm gesäit vir, dass zousätzlech Efforte gemaach gi fir d’Zuel vu Studentewunnenge weider erop ze setzen.

Virun dësem Hannergrond wëlle mir folgend Froen un di concernéiert Ministere stellen:

  • Wat sinn der Regierung hir Pläng fir d’Unzuel vu Studentewunnengen erop ze setzen ?
  • Wéi eng Projet’en sollen nach an dëser Legislaturperiod, also kuerzfristeg, ëmgesat ginn ?
  • Em wéi vill zousätzlech Wunnengen handelt et sech do konkret ?

Um Parking vum Fonds Belval bezuelen d’Proffen e manner héijen Parktarif. Dat gëllt awer net fir d’Studenten. Trotz beschtem Wëllen ass et awer dacks net einfach fir exclusiv mam ëffentlechen Transport op Belval ze kommen, an de Mangel u STudentewunnegen an d’Präisser vum Wunnen maachen, dat d’Studenten dacks wäit ewech vun der Uni.lu resp. vu Belval wunnen.

  • Aus wéi engen Ursaachen ginn et ënnerschiddlech Parktariffer a keng Gläichbehandlung fir de Corps enseignant an d’Studenten ? Ass d’Regierung net gewëllt, och de Studenten präisslech entgéint ze kommen fir um Parking ze parken ?

D’Nationalbibliothéik (BNL) um Kirchbierg ass eng wichteg Plaz fir d’Studenten vun der Uni.lu, respektiv fir all d’Studenten, fir sech weiderzebilden a fir ze léieren. Leider sinn d’Ëffnungszäite fir de Moment net ëmmer adaptéiert. Aktuell ass d’BNL souwuel Sonndes wei och Méindes zou, a mécht di aner Deeg  um 19 :00 hir Dieren zou. Universitéitsbibliothéiken, och am Ausland, hu méi laang Ëffnungszäiten fir sech un d’Studenten unzepassen. Fir de Campus Lëtzebuerg vun der Uni.lu erfëllt dee Moment d’Nationalbibliothéik déi Funktioun, och wann si nach aner Missiounen huet.

 

  • Wëssend dat d’BNL dofir méi Personal bräicht, stellt sech d’Fro un d’Regierung, ob virgesi gëtt, datt d’BNL hir Ëffnungszäiten upasst, besonnesch z.B. wärend den Examenswoche wou d’Studente méi dacks a méi laang Zäit an de Bibliothéike verbréngen ?

 

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

 

 

 

Octavie Modert                                Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck