Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.
Dat groussherzoglecht Reglement vum 8 November 2019 huet d’Grenzen vun 621 neien Juegdlousen zu Lëtzebuerg definéiert. Date limite fir di lescht Steeën wor den 31. Januar 2021. Prozedur vun der Stee (inklusiv dem Délai fir a Recours ze goen) fir all 621 Juegdlouse misst deemno zu dem haitege Zäitpunkt ogeschloss sinn.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Minister stellen:
- Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro Lous?
- Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro ha?
- Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro Lous an de verschiddenen Arrondissementer (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud)?
- Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro ha an de verschiddenen Arrondissementer (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud)?
- Wat sinn d’Differenzen am Duerchschnëttspachtpräis pro Lous pro Arrondissement (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud) par rapport zu 2012?
- Wat sinn d’Differenzen am Duerchschnëttspachtpräis pro ha pro Arrondissement (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud) par rapport zu 2012?
- Hunn di 621 Lousen iwwerall e kompletten Syndikat?
- Wéivill Louse goufen nët versteet? Wéivill ha sinn dat?
- Wéivill Lousen huet de Staat gesteet? Wéivill ha sinn dat? Zu wéi engem Gesamtpräis?
- Wéivill Lousen hunn d‘Gemengen gesteet? Wéivill ha sinn dat? Zu wéi engem Gesamtpräis?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Deputéiert
Zréck