Wéi ass den aktuelle Stand vum Gesetzesprojet zum nationalen Ernierungsrot?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Ernierungsrot und d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an un de Minister fir Landwirtschaft weider ze leeden.

D’Klima- an d’Biodiversitéitskriis sinn enk verbonne mat onser Ernierungsweis. Dozou nennen ech just 2 Fakten: Éischtens steet am nach net offiziell verëffentlechten drëtten Deel vum Rapport vum Weltklimarot (IPCC) Folgendes: „Eine Umstellung auf eine Ernährung mit einem höheren Anteil an pflanzlichem Eiweiß in Regionen mit übermäßigem Verbrauch von Kalorien und tierischen Lebensmitteln kann zu einer erheblichen Verringerung der Emissionen führen und gleichzeitig gesundheitliche Vorteile bieten.“ Weider heescht et, dass eng planzlech Ernierung d’Emissiounen em bis zu 50 Prozent par Rapport zu enger duerchschnëttlecher emissiounsintensiver westlecher Ernierungsweis reduzéiert.

Zweetens ass et wëssenschaftlech bewisen, dass de Fleeschkonsum en enorme Ressourcëverbrauch mat sech bréngt. Sou weist eng Studie aus der Fachzäitschrëft Science (vum Joseph Poore an Thomas Nemecek, 2018) op, dass Fleesch- a Mëllechproduiten nëmmen 18 Prozent vun de Kalorien ausmaachen, di en Mënsch zou sech hëllt. Dofir ginn awer 83% Prozent vun der landwirtschaftlech genotzter Fläch benéidegt. Dat heescht an anere Wieder dass eng planzlech Ernierungsweis dës landwirtschaftlech genotzte Flächen em 75 Prozent reduzéiere kéint.

Sou kéint een duerch eng aner Ernierungsweis der Klima- an der Biodiversitéitskriis entgéint wierken. An dëser Hisiicht kéint dem Ernierungsrot eng wichteg Roll zoukommen. D’Regierung wëll en nationalen Ernierungsrot op d’Been stellen, deen ënnert anerem zu esou Froe wéi der Ernierungsweis oder der Ernierungssouveränitéit d’Regierung beroden an all di concernéierten Acteuren um Prozess bedeelege soll. Wéi een dem Artikel aus dem WOXX „Ernährungssouveränität: Zweckentfremdeter Rat“ enthuele kann, ginn et diesbezüglech awer eng Rei Onstëmmegkeeten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Wéi ass den aktuelle Stand vum Gesetzesprojet zum Ernierungsrot?
  • Wéi ass d’Positioun vun den zwee Ministeren zu der am WOXX-Artikel geäusserter Kritik vum Centre for Ecological Learning Luxembourg (Cell)?
  • Kënnen d’Ministere schonn op d’Ziler an d’Zesummesetzung vum Ernierungsrot kuerz agoen?
  • Wäerte Froen em ons Ernierungsweis am Kontext vun der aktueller Klima- an der Biodiversitéitskriis hei eng besonnesch Opmierksamkeet zougestane kréien?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck