Wéi vill Schüler a Studente kommen an de nächste Joren op den Aarbechtsmarché am Gesondheets- a Fleegeberäich?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Pandemie huet eis virun Ae gefouert, wéi wichteg et ass, dass zu all Moment genuch gutt forméiert Gesondheetspersonal disponibel ass. Wëssend, dass de Bedarf an de kommende Jore kaum wäert erofgoen, wéilt ech folgend Froen un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi vill Schüler si fir d’Rentrée 2021/2022 am „Lycée technique pour professions de Santé“ (LTPS) ageschriwwen?
  • Wéi vill Lëtzebuerger Studenten sinn aktuell am Ausland amgaang, e Gesondheetsberuff ze léieren?
  • Wéi vill jonk Leit, déi e Gesondheetsberuff léieren, ginn am Laf vum Joer 2022 mat hire Studie fäerdeg?
  • Wéi vill Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sinn am Laf vum Joer 2022 pensiounsberechtegt?
  • Wéi vill Plazen am Gesondheets- a Fleegesecteur wäerten am Laf vum Joer 2022 – duerch d’Tatsaach, dass eventuell net genuch Kandidaten do sinn – net kënne besat ginn?
  • Wat ass vu Säite vu Gesondheets- an Educatiounsministère geplangt, fir d’Attraktivitéit vun de Gesondheets- a Fleegeberuffer kuerzfristeg an d’Luucht ze setzen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck