Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weiderzeleeden.
Eisen Informatiounen no, hunn a verschidde Gemengen d’Maisons relais elo wärend der Summervakanz opgehale Covid19- Schnelltester ze offréiere fir datt sech d’Kanner kënnen teste loossen. Di betraffe Schüler hunn domadder just d’Méiglechkeet fir sech reegelméisseg bei hirer Gemeng ze melle fir do en zertifiéierten Auto-Schnelltest kënnen ze maachen.
Dëst obwuel d’Aféierung vu Schnelltester an de Schoulen- a Betreiungsstrukturen e weideren Deel vun der Covid-Strategie vum MEN duerstellt.
An deem Kontext welle mir folgend Froen un den Här Minister stellen:
- Kann de Minister eis des Informatioune bestätegen?
- Wa jo, wat sinn d’Grënn firwat eenzel Betreiungsstrukture keng Schnelltester wärend der Summervakanz offréieren?
- Hunn di eenzel Strukturen genuch Material fir ze testen ?
Mat déifstem Respekt,
Martine Hansen Françoise Hetto
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten
Zréck