Gëtt et op EU-Niveau eng Demarche fir Schnelltester vun der Firma Lepu Medical Technology zréck ze zéien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Déi zoustänneg amerikanesch FDA (Food and Drug Administration) huet rezent d’Autorisatioune fir de SARS-CoV-2 Antigen Rapid Test Kit vun der Firma Lepu Medical Technology an och de SARS-CoV-2 Antibody Rapid Test Kit vum Produzent Leccurate zréckgezu wéinst engem héije Risiko vu falsche Resultater. Mengem Wëssen no sinn dës béid Tester och um europäesche Marché zougelooss.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Weess d’Regierung op dës Tester och zu Lëtzebuerg verkaf an agesat ginn?
  2. Weess d’Regierung op et op EU-Niveau och Demarche gi fir dës Tester zréck ze zéien?
  3. Wann nee, gedenkt d’Regierung dëst an d’Weeër ze leeden?
  4. Gëtt d’Regierung eng Recommandatioun eraus fir d’Benotze vun dësen Tester am Grand-Duché?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

        Deputéiert

Zréck