Eisen Informatiounen no gouf am Kader vum Gesondheetsdësch iwwer d’Méiglechkeet vun enger Hospitalisation matt Soins palliatifs à domicile geschwat an et gouf festgehal datt e Gesetzestext sollt ausgeschafft ginn. Wëssend datt et momentan net einfach ass jonk Dokteren ze motivéieren sech am Beräich vun der Palliativmedezin ze spezialiséieren, ass virgesinn datt den neien Text och nach emol op d’Formatioun ageet?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

E groussherzoglecht Reglement vum 9. Februar 2019 reegelt d’Formatioun an de Beräicher vun de Soins palliatifs an der Begleedung um Liewensenn fir d’Dokteren, d’Gesondheetsberuffer an d’Personal vun de Reseauen.

Et ass gewosst datt et hei am Land eng grouss Demande fir Soins palliatifs a Begleedung um Liewensenn gëtt. Déi aktuell Rechtslag gesäit dëst awer am Moment just an de Spideeler vir.

Mengen Informatiounen no gouf am Kader vum Gesondheetsdësch iwwer d’Méiglechkeet vun enger Hospitalisation matt Soins palliatifs à domicile geschwat an et gouf festgehal datt e Gesetzestext sollt ausgeschafft ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  2. Wa jo, wéi wäit sinn d’Aarbechten un dësem Text?
  3. Wien schafft mat un dësem Text? Sinn all déi concernéiert Acteure vum Terrain mat agebonnen?
  4. Wëssend datt et momentan net einfach ass jonk Dokteren ze motivéieren sech am Beräich vun der Palliativmedezin ze spezialiséieren, ass virgesinn datt den neien Text och nach emol op d’Formatioun ageet?
  5. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier dësen Text schonn emol am Virfeld an den zoustännege Chamberskommissiounen ze beschwätzen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck