D’Direction de la santé huet mam LNS ee Monitoring Programm opgesat deen all Altersheim an och CIPA op Antikierper test, an dëst iwwert 18 bis 24 Méint. Wat sinn bis dato d’Resultater vun dësem Monitoring Programm ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

An hirer Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°4269 huet d’Regierung matgedeelt datt säit dem 1. Mee 2021 am Kader vum LST een Echantillon vun Altersheimer an CIPA op Antikierper getest gëtt. An deem Kontext hätt d’Direction de la santé mam LNS ee Monitoring Programm opgesat deen all Altersheim an och CIPA op Antikierper test, an dëst iwwert 18 bis 24 Méint.

 

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung eis matdeelen wat d’Resultater bis dato vun dësem Monitoring Programm sinn ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                                                            Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck