De System vum Large Scale Testing gëtt ëmgeännert sou datt deemnächst jiddereen sech kann e Rendezvous fir e gratis PCR-Test huelen. Wäerten am neie System all Test-Zentren erhale bleiwen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’Regierung huet lescht Woch annoncéiert datt, am Kader vun der aktueller Pandemie, de System vum Large Scale Testing géif ëmgeännert ginn an datt deemnächst jiddereen sech kéint e Rendezvous fir e gratis PCR-Test huelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wäerten och am neie System all Test-Zentren erhale bleiwen ?
  2. Wann nee, no wéi enge Critèren a Prioritéite gëtt decidéiert wéi eng Zentren op bleiwen ? Deelt d’Regierung d’Meenung datt den Awunnerschlëssel an d’Distanz als Critère muss gëllen ?
  3. Wat wieren d’Grënn fir evtl. Fermeturë vun Test-Zentren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

        Deputéierten    

Zréck