Fierwat gedenkt de Minister net och fir op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Liwwerung vu Liewensmëttel a Flüchtlingsstrukturen un den Här Immigratiounsminister weider ze leeden.

Mengen Informatioune schafft den Office National de l‘Accueil (ONA) mat der Entreprise Heiko – Mein Kaufzuhaus aus Däitschland zesumme fir d’Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg mat frësche Liewensmëttel ze beliwweren. D’Bewunner vun dëse Strukture kënnen da bequeem op der Plaz akafen ouni sech mussen ze deplacéieren. Et ginn awer och Ubidder vu lokal produzéierte Liewensmëttel aus Lëtzebuerg op déi ee kéint zeréckgräifen. Doduerch géif een och di lokal Consommatiouns- a Produktiounskette stäerken, di mer zënter der Corona-Kris nach méi wäertschätze geléiert hunn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann den Här Immigratiounsminister di uewe beschriwwen Informatioune confirméieren?
  2. Wann jo, wat sinn d’Grënn fir des Entscheedung?
  3. Gedenkt de Minister net och op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéierten

Zréck