Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.
An Däitschland ass elo a verschiddene Bundeslänner virgesinn datt Leit déi de kompletten Impfschutz hunn, net méi mussen a Quarantaine wann een aus hirem Stot positiv op COVID-19 getest gëtt.
Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Vu que datt och bäi eis ëmmer méi Leit duerchgeimpft sinn, wier esou eng Reegelung och fir d’Awunner vum Grand-Duché denkbar?
- Wa jo, wat wieren déi genau Modalitéiten a ginn et evtl. nach aner Iwwerleeungen an deem Sënn?
- Wann nee, aus wéi enge Grënn?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Claude Wiseler
Deputéiert Deputéierten
Zréck