Kann den Här Minister eis eng Lëscht vu weideren Déngschtwunnenge vun der Police uechter d’Land virleeën, déi och eidel stinn? Zanter wéini an aus wéi engem Grond?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bauteminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no gëtt et zu Colmer-Bierg Déngschtwunnengen vun der Police, déi zanter Joren eidel stinn. Wéinst der Penurie u sozialem Wunnraum am Beräich vum Logement locatif am Besonneschen an am Kontext vu Wunnraum am Besëtz vum Staat am Allgemengen géife mir gäre folgend Froen un déi zoustänneg Ministere fir ëffentlech Aarbechten respektiv Finanze stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass déi ugeschwaten Déngschtwunnengen zu Colmer-Bierg eidel stinn? A wa jo, zanter wéini an aus wéi engem Grond?
  • Kann den Här Minister eis eng Lëscht vu weideren Déngschtwunnenge vun der Police uechter d’Land virleeën, déi och eidel stinn? Zanter wéini an aus wéi engem Grond?
  • Gëtt et doriwwer eraus nach Haiser oder Wunnengen am Besëtz vum Staat, déi zanter längerer Zäit eidel stinn? Wa jo, wéi vill sinn et der a wou befanne sech dës Immobilien?
  • De Staat ass och Propriétaire vum Café-Restaurant um Waldhaff. Wat soll mat deem Komplex geschéien? Wéini sollen d’Renovatiounsaarbechten ufänken? Ass de Staat gewëllt, dee ganze Komplex un eng Gemeng ze verkafen? Wann net, aus wéi engem Grond?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies                                            Françoise Hetto-Gaasch                     Paul Galles

Deputéierten                                      Deputéiert                                          Deputéierten

Zréck