Kann d’Madamm Ëmweltministesch soe wéi vill Tonne Knascht iwwert d’lëscht Joer op den ëffentleche Stroossen agesammelt ginn ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Littering op ëffentleche Stroossen a Plazen un d‘ Madamm Ëmweltministesch an d’Madamm Inneministesch, weider ze leeden.

Wéi all Joer ëm dës Zäit ginn uechter d’ganz Land Botzaktiounen an eise Gemengen organiséiert. Vill Fräiwëlleger stellen sech an den Déngscht vum Ëmweltschutz op dëse Botzdeeg. Niewent den negativen Auswierkungen op d’Ëmwelt huet de Littering och en ekonomeschen a sozialen Impakt: et muss zum Beispill extra gebotzt ginn, verschmotzte Plaze gi manner oft frequentéiert wat da rëm zu aner Problemer, wéi Vandalismus, féiere kann. 2008 an 2015 gouf et jeeweils eng Ënnersichung vum Ëmweltministère zu dem Problem vum Littering laanscht den nationale Stroossen, bzw. den Autobunnen. Den Ëmweltministère huet an deene leschte Jore mat 2 Sensibiliséierungscampagnen, wéi „Petis déchets – grande pollution“ oder „Offall kann déidlech sinn – gehei näischt an d’Natur”, probéiert dësem Phänomen entgéint ze wierken. Trotzdeem hëllt de Knascht Gefillsméisseg op den Uränner vun eise Stroossen besonnesch de Staatsstroossen vu Joer zu Joer zou.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gouf et zënter 2008, bzw. 2015 weider Enquêten di de Problem vum Littering erfaassen?
  1. Kann d’Madamm Ëmweltministesch soe wéi vill Tonne Knascht iwwert d’lëscht Joer op den ëffentleche Stroossen agesammelt ginn ass? Gëtt et eng Statistik wéi sech dësen Tonnage iwwert déi lescht 3 Joer entwéckelt huet?
  2. Ginn niewent de genannte Campagnen zousätzlech Moossname geholl wat d’Sensibiliséierung ugeet?
  3. Kann d’Madamm Inneminister eis soen op envisagéiert ass fir dem Bannpréiter (garde champêtre) an Zukunft iwwert d’Gesetz eventuell méi Responsabilitéite bei der Kontroll an der Verbalisatioun vun Ëmweltdelikter ze ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck