Kann d’Regierung eis informéieren, ob d’Danzschoulen mussen zou hunn oder ob dës ënnert deenen am Gesetz virgesinnen Oplagen dierfen Presenzkueren organiséieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch wéi och un den Här Sportsminister weider ze leeden.

Danzschoulen organiséieren momentan Danzkueren per Videokonferenz. D’Kapitel 2, Artikel 4bis. vum Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 gesäit folgend Oplagen fir d’Sportsaktivitéiten fir :

« Un maximum de dix personnes peut se rassembler pour pratiquer simultanément une activité sportive ou de culture physique à condition de respecter, de manière permanente, une distanciation physique d’au moins deux mètres entre les différents acteurs sportifs.

Les installations sportives doivent disposer d’une superficie minimale de quinze mètres carrés pour les activités sportives exercées individuellement, d’au moins cinquante mètres carrés pour les activités exercées par deux personnes au maximum et d’au moins trente mètres carrés par personne pour les activités exercées par trois à dix personnes au maximum. »

An deem Kontext hat den Här Sportsminister am Februar 2021 an engem Communiqué informéiert datt d’Danzen oder all anere Sport Dobannen ausgeübt kann ginn, een eben just déi am Gesetz verankert Mesuren misst respektéieren. Et géif een awer recommandéieren keen Sport Dobannen ze maachen mee dësen no baussen ze verlageren, an dëst vir en ligne ze sinn mat de Mesuren déi an der Educatioun an an der Santé virgesi sinn.

Ausserdeem hätt de Conservatoire dierfen Danzkueren organiséieren, mat der Begrënnung datt dëst ënner „éducation physique“ géing falen, wärend d’Kueren an den Danzschoulen ënnert „culture physique“ géinge falen, obschonn dës Kueren an der Realitéit d’selwecht géingen oflafen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren, ob d’Danzschoulen mussen zou hunn oder ob dës ënnert deenen am Gesetz virgesinnen Oplagen dierfen Presenzkueren organiséieren ?
  • Gëllen d’Recommandatiounen vum Här Sportsminister, datt all Sportskueren dobaussen sollen oflafen, nach ëmmer ?
  • Ass dat momentan och nach ëmmer esou datt en Ënnerscheed tëschent den Danzkueren am Conservatoire an deenen a de privaten Danzschoulen gemaach gëtt ?
  • Wa jo, aus wéi engem Grond, wëssend datt déi privat Danzschoulen finanziell extrem leiden an datt se duerchaus capabel sinn d’Kueren ënnert deene selwechte Konditiounen ofzehalen, mam Respekt vu sämtleche Hygiensmesuren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck