Aus wéi engem Grond kritt d’Personal aus de Spideeler, dat sech retrospektiv elo awer well impfen loossen, respektiv dat rezent réischt agestallt ginn ass, e Refus direkt geimpft ze ginn an muss waarden bis et erëm un den Tour kënnt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Déi éischt Imfphase an där d’Gesondheetspersonal geimpft gëtt ass elo ofgeschloss. D’Personal aus de Spideeler, dat sech net direkt impfe gelooss huet, an dat sech awer elo retrospektiv dozou entscheet huet sech impfen ze loossen géif elo net prioritär drukommen mee misst sech elo „hannen ustellen“ an waarden bis et erëm geruff gëtt, idem vir déi nei Agestallten an de Spideeler.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Aus wéi engem Grond kritt d’Personal aus de Spideeler, dat sech retrospektiv elo awer well impfen loossen, respektiv dat rezent réischt agestallt ginn ass, e Refus direkt geimpft ze ginn an muss waarden bis et erëm un den Tour kënnt ?
  • Ass d’Regierung net och der Meenung datt Spidolspersonal och an deem Fall prioritär ass vir d’Impfung direkt ze kréien, vu datt des Leit dagdeeglech mat vulnerabelen Leit a Kontakt sinn ?
  • Mengt Madamm Ministesch net datt et méiglech misst sinn de Spideeler déi néideg Dosen ze liwweren respektiv deene Leit déi solle geimpft ginn ee prioritären Rendez-vous ze ginn ?
  • Gesäit d’Regierung fir dës Leit prioritär ze impfen, vir eist Spidolspersonal, ob dat mir ugewise sinn an dëser Kris, an och déi vulnerabel Persounen ronderëm et ze schützen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck