Kënnen d’Ministeren eis soen, wéi vill Persounen, déi déi lescht Joren aus dem Prisong vu Schraasseg entlooss goufen, eng Iwwernuechtungsoffer gemaach kritt hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch, d’Madamm Familljeministesch an den Här Immigratiounsminister weiderzeleeden.

Den 23. Mäerz 2021 goung an engem RTL Reportage rieds vu Persounen, déi zanter Juni 2020 aus dem Prisong entlooss goufen, ouni dass si ee feste Wunnsëtz haten. Et heescht an deem Reportage weider, dass vun deenen 30 Persounen, sech der 11, illegal hei am Land opgehalen hunn an déi aner hätten d’Iwwernuechtungsofferen vum Service central d’assistance sociale respektiv dem Service psycho-éducatif vun der Prisongsverwaltung net acceptéiert.

D’Madamm Justizministesch huet erkläert, dass geplangt wier, de Schraasseger Ex-Detenuen d’Méiglechkeet ze ginn iwwergangsweis op Giwenech ze goen. Och géif um Projet vun de sougenannten Transitiounswunnengen geschafft ginn. An enger rezenter Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3698 hunn d’Madamm Ministeren nach geäntwert, dass, entgéint dem Koalitiounsaccord vun 2018, 2019 decidéiert gi wier zu Lëtzebuerg keng Transitiounshaiser ze schafen.

Mir wéilten duerfir folgend Froen u virgenannt Ministere stellen :

  • Kënnen d’Ministeren eis soen, wéi vill Persounen, déi déi lescht Joren aus dem Prisong vu Schraasseg entlooss goufen, eng Iwwernuechtungsoffer gemaach kritt hunn?

 

  • Wéi vill Persounen hunn dës Offeren refuséiert?
  • Wat waren d’Grënn vun deenen Ofsoen (den Detenu hat schonn eng Méiglechkeet fir ze logéieren, etc.) ?
  • Wier et méiglech dës Informatiounen opgelëscht op déi lescht 5 Joren ze kréien?

 

  • Kënnen eis d’Ministeren erklären, ob dann elo Transitiounshaiser geplangt sinn oder net, wëssend dass ni gefuerdert gouf, dass sou Strukturen nëmmen Ex-Detenuen solle reservéiert bleiwen?

 

  • Wéi gëtt am allgemengen de Suivi vun den Ex-Detenue gemaach? Wie mécht dee Suivi? Wéi leeft dee Suivi of?

 

  • Kënnen d’Ministeren bestätegen, dass et an de leschte Joren just zu där enger, am Reportage beschriwwener, onvirbereeter Entloossung aus dem Prisong vu Schraasseg komm ass? Wéi konnt et dozou kommen?

 

  • Wat déi 11 Persounen, déi illegal am Land waren, ubelaangt, kënnen d’Ministeren eis soen, ob et sech hei exklusiv ëm Persounen aus Drëttlänner handelt?

 

  • Kënnene d’Ministeren eis erklären, wéi d’Prise en charge vun dëse Persounen konkret no hirer Entloossung ofleeft?

 

  • Ginn dës Persounen, no hirer Entloossung, direkt am Centre de rétention ënnerbruecht, wou jo och en psychosozialen Encadrement séchergestallt ass, fir duerno ausgewisen / ausgeflunn ze ginn ?
    • Wann net, wéi gëtt hir Ausweisung konkret duerchgezunn?
    • Ginn et do Prozeduren? Wa jo, kënnen d’Ministeren, déi am Detail beschreiwen?

 

  • Wann net, ginn déi Leit an deem Fall sech selwer iwwerlooss?
    • Sollt dat de Fall sinn, sinn d’Ministeren net der Meenung, dass de néidege Kader feelt fir ze verhënneren, dass se an de kriminelle Milieu nees erofrutschen? Hunn d’Ministeren dozou statistescht Material?
    • Sinn d’Ministeren der Meenung, dass Ännerungen un de gesetzleche / prozedurale Bestëmmungen néideg sinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert
Paul Galles
Deputéierten

Zréck