Ass et wouer datt Prisonéier prioritär geimpft ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un d’Madamm Justizminister weider ze leeden.

Rezent war an der Presse ze liesen datt d’Regierung decidéiert hätt d’Prisongspopulatioun prioritär géint de Covid-19 ze impfen, dat well eng Majoritéit vun de Prisonéier vulnerabel wieren.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierungen d’Informatiounen aus der Press bestätegen?
  2. Wéi eng Grënn ginn et fir dës rezent Decisioun, wëssend datt d’Santé nach Ufank Februar deklaréiert hat Prisonéier géife genausou de virgesinne Phasen no geimpft gi wéi de Rescht vun der Populatioun?
  3. Wéi vill Prozent vun de Prisonéier sinn als vulnerabel anzestufen?
  4. Aus wéi enge Grënn gëtt hei net tëscht vulnerabel an net-vulnerabel ënnerscheet?
  5. Gëtt d’Prisongspersonal och geimpft?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp                               Marc Lies

Deputéiert                                                     Deputéierten

 

Zréck