Wéi eng Mesure well d’Ministesch huelen fir di jonk Léit méi staark a Saachen Klimaschutz ze sensibiliséieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu enger Ëmfro vun der europäescher Investitiounsbank un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Wéi d’Welt an hirem Artikel „Die Jugend tickt offenbar ganz anders als Fridays for Future” schreift, sinn et an Däitschland net onbedéngt di jonk Leit di méi streng Mesuren am Beräich vum Klimaschutz fuerderen, mee virun allem di eeler Generatiounen. Dat wier d’Resultat aus enger rezenter Studie vun der europäescher Investitiounsbank. Dëst entspriecht awer net wierklech dem Bild wat en duerch Fridays for Future an deene leschte Jore konnt gewannen. Och zu Lëtzebuerg konnt een dësen Androck gewannen. Et ass awer wichteg fir besonnesch di jonk Léit mat an d’Boot ze huelen wat d’Akzeptanz vun Klimaschutzmesuren ugeet.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kéint d’Ëmweltministesch des Studie vun der EIB a besonnesch de Volet iwwert Lëtzebuerg mat ons deelen?
  2. Wat sinn d’Conclusioune vun der Ministesch aus där genannter Studie? Wéi eng Mesure well d’Ministesch huelen fir di jonk Léit méi staark ze sensibiliséieren ?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                            Paul Galles

Deputéierten                                                               Deputéierten

 

Zréck