Ass d’Regierung der Meenung datt eis Olympiakandidaten prioritär solle geimpft ginn? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu Impfunge bei Participant’en vun den olympesche Spiller un de Minister fir Sport weider ze leeden.

Wéi een dëser Deeg aus den däitsche Medien (zum Beispill dem ZDF) konnt héieren, hunn verschidden Natiounen ugefaangen hir Sportler, di fir d’olympesch Spiller zu Tokio a Fro kommen, ze impfen. Zum Beispill ginn a Mexiko d‘olympesch Athleten zum selwechten Zäitpunkt wéi Dokteren an d’Fleegepersonal geimpft. An anere Länner, wéi an Däitschland, huet sech den olympesche Sportbund DOSB strikt géint eng Prioritiséirung vu Spëtzenathleten ausgeschwat. Dës ënnerschiddlech Interpretatioune vu Prioritéiten a Saachen Impfung wäerten zu Diskriminatiounen tëschent de verschiddene Sportler an de verschiddene Länner féieren. Elo wou gëschter duerchgesickert ass, dat warscheinlech keng auslännesch Zuschauer di net zu Japan wunnen, erlaabt wäerte sinn, stellt sech d’Fro vum Impfpass ëmmer méi dréngend fir un de Spiller deel ze huelen, sief et als Athlet oder als Accompagnateur.

Qualifizéiert Sportler, an och déi wou no drun sinn sech nach ze qualifizéieren, befannen sech elo schonn an der Virbereedungsphase fir d’olympesch Spiller an et ass kloer falls ee wéilt op de Wee vun enger prioritärer Impfung fir eis Héichleeschtungssportler goen, da misst dës Impfung awer an enger Phase vu reduzéiertem Training duerchgefouert gi fir den Immunsystem net ze vill ze belaaschten, sou Experten. Vue dass et net méi laang dauert bis d’olympesch Spiller stattfannen, brauch et also eng zäitno Decisioun wéi ee mat deene Concernéierte virgeet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend dréngend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wat ass d’Positioun vum Sportminister zu dëser Thematik?
  2. Wéini ass et fir de Ministère ethesch vertrietbar Sportler an hier Accompagnateuren impfen ze loosse bzw. prioritär virzehuelen?
  3. Huet de Sportminister schonn en Avis vun der Ethikkommissioun zur dëser Thematik ugefrot?
  4. Wéi steet de Minister zu engem obligatoreschen Impfpass fir däerfen un der Olympiad deel ze huelen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck