Huet den Ëmweltministère en Gesamtplang fir Wandenergie zu Lëtzebuerg a fir Sitte wou Wandmille kënnen a sollen hin?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Energie aus Wandkraaft zu Lëtzebuerg un d’Ministesch fir Ëmwelt an de Minister fir Energie weider ze leeden.

Zu Bierden gëtt geplangt eng Wandmillen opzeriichten di laut aktuelle Pläng 230 Meter héich soll ginn an dobäi bis op 750 Meter un di nooste Gebaier eru komme soll. Domadder wär d’Wandmillen di héchsten am Land. Zu Lëtzebuerg gëtt d’minimal Distanz vun enger Wandmillen zu bewunntem Gebitt fir all eenzele Projet op Basis vu verschidden Emissiounspunkten, wéi zum Beispill dem Kaméidi oder dem Schattenwurf, definéiert. Dës Grenzwäerter goufen awer op Basis vun där mi aler Generatioun un Wandmillen, di ënnert anerem manner héich sinn, festgeluecht. Well et zur Belaaschtung duerch Infraschall bis dato nach kee Konsens an der Wëssenschaft gëtt, sou fënnt dëse bis elo nach keng grouss Relevanz an der Kommodo/Inkommodo Prozedur. Eng wierklech Belaaschtung duerch Infraschall konnt bis ewell virun allem a Wandparken, dat heescht duerch de Cumul vun Infraschall vu ville Wandmillen, nogewise ginn. Trotzdeem hunn eng Rei Bierger Bedenke wat eng potenziell Belaaschtung duerch den Infraschall ugeet an et ass och wichteg de wëssenschaftlechen Erkenntnisstand konstant ze suivéieren. Sou ass onsen Informatiounen no d‘Société Luxembourgeoise des Energies Renouvelables S.A. (Soler) dobäi eegen Infraschallmiessunge bei enger bestoender Anlag ze maache fir dës Bedenken ze adresséieren. Niewent de Grenzwäerter di fir d’mënschlech Wuelbefanne relevant sinn, ginn et awer och aner physikalesch (zum Beispill d‘Wandexpositioun) a geologesch (zum Beispill d’Buedembeschaffenheet an Topographie) Gegebenheeten di entscheedend sinn op eng oder puer Wandmillen iwwerhaapt kënnen opgeriicht ginn. An dësem Kontext wär et fir d’Bierger, wéi d’Gemengen, hëllefräich wann se dës Plaze vun fir eraus géife kennen. Di Gréng Partei sëlwer ass bei de Walen 2013 fir eben esou ee plan sectoriel éoliennes, dee vum Staat opgestallt gëtt, agetrueden. Sou kéinte Prozeduren och vereinfacht gi wat zu manner Geriichtsprozesser féiere kéint. Och kéint et fir d‘Gemenge méi einfach si Wandmillen opzeriichten, wann dës och an de Bëscher däerfen opgestallt gi, sou wéi dat an Däitschland zum Beispill den Fall ass. Zulescht ass et natierlech wichteg dass d’Bevëlkerung, di laut Ëmfroen (zum Beispill vum Mouvement Ecologique) oppen ass fir d’erneierbar Energien, mat an d’Boot ze huelen. Dës hat d’Ministesch an hirer Interventioun vum 9. Februar och ënnerstrach, wou se sot dass mer mussen oppassen, dass „eis Bierger, Natur an Déiere musse geschützt ginn“ an, dass ee „d‘Suerg vun de Leit (muss) eechhuelen“ a „se abannen“ fir d’Klimaziler ze erreechen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wäerten d’Grenzwäerter fir di verschidden Emissiounspunkte fir di nei Generatioun vu Wandmillen deementspriechend ugepasst ginn?
  • Wäert an Zukunft och den Infraschall zu engem entscheedende Krittär beim Opriichte vun enger Wandmille gezielt ginn ? Wann jo wéi eng Grenzwäerter sollen hei an Zukunft gëllen?
  • Ass d’Ministesch an dësem Kontext der Meenung, dass si hir Autorisatioun soll zréckstelle bis eng Auswäertung vun den Infraschallmiessunge vu Soler virleit?
  • Huet de Ministère en Gesamtplang fir Wandenergie zu Lëtzebuerg a fir Sitte wou Wandmille kënnen a sollen hin – oder gëtt et de jeeweilege Bauhären a Gemengen iwwerlooss fir dem Ëmweltministère eppes ze proposéieren?
  • Gegebenenfalls, wat schwätzt géint d’Opstelle vun engem nationale Wandkadaster (oder plan sectoriel éoliennes) mat sou Informatiounen?
  • Wéi vill Energie aus Wandkraaft, bzw. Wandmillen oder Sitte fir Wandmille brauche mer fir ons Klimaziler ze erreechen?
  • Firwat ass d’Regierung dogéint, dass Wandmillen an de Bëscher opgestallt ginn?
  • Wéi reagéiert d’ Ëmweltministesch op d’Suerg vun de Bierdener di sech gréisstendeels géint d’Wandmillen ausschwätzen? Wéi bënnt si d’Bierger bei der Entscheedung um Bau an?

Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                                                    Paul Galles

Deputéierten                                                                        Deputéierten

Zréck