Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
Bei den aktuellen Anti-Covid-Impfungen zu Lëtzebuerg verginn tëscht der éischter an der zweeter Impfung exakt 3 Wochen, esou wéi de Gros vun de Produzenten et virschreiwen. An hire rezente Recommandatioune stellt d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) awer fest datt en Intervall tëscht 4 an 12 Wochen d’Vaccine méi effikass mécht.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:
- Kennt d’Madamm Minister dës Recommandatioune vun der WHO?
- Wa jo, wäerten se en Afloss op d‘Impfcampagne zu Lëtzebuerg hunn?
- Wann nee, fir wat wëll d’Regierung dëse Recommandatiounen net Rechnung droen?
- Wann d’Regierung deem géif Rechnung droen, hätt dat evtl. en Afloss op d’Tatsaach datt mir déi 2. Dosis reservéieren?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Marie Halsdorf
Deputéierten
Zréck