Deelt d’Regierung d’Meenung datt d’Fluggesellschaft all Client misst en Test fir de Retour garantéieren, och virum Hannergrond datt am Moment vill Leit hir Tickets scho virun der Ukënnegung vun den Areesbestëmmunge gebucht hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Haut de Moien huet de Generaldirekter vun eiser nationaler Fluggesellschaft um Radio annoncéiert, datt au Vu vun den Areesbestëmmungen déi deemnächst a Kraaft trieden am Kader vun der Covid -Pandemie, kee Passagéier méi ouni negativen Test an de Fliger kéim. D’Luxair iwwerhëlt dann och fir Clients déi iwwer si hiren Hotel gebucht hunn  esouwuel den Test fir de Retour wéi och eng evtl. Quarantän. Déi Passagéier déi just de Vol gebucht hunn, mussen sech selwer en Test an d’Quarantän organiséieren.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Deelt d’Regierung d’Meenung datt d’Fluggesellschaft all Client misst en Test fir de Retour garantéieren, och virum Hannergrond datt am Moment vill Leit hir Tickets scho virun der Ukënnegung vun den Areesbestëmmunge gebucht hunn?
  2. Matt wéi engem Argument géif sech dës Ënnerscheedung tëscht Clients déi just de Vol buchen a Clients déi eng ganz Vakanz buchen, rechtfäerdegen?
  3. Wat geschitt mat de Clients deenen hiren Test positiv ass, déi awer net iwwer d’Luxair den Hotel gebucht haten?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck