Wat ass an de leschte Méint konkret ënnerholl gi fir déi psychesch Gesondheet vun den eelere Leit?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

Et ass gewosst datt eis eeler Matbierger besonnesch ënnert der aktueller Pandemie leiden, well se engersäits méi vulnerabel sinn an anerersäits oft extrem isoléiert sinn, sief et doheem oder an enger Struktur.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Wat ass an de leschte Méint konkret ënnerholl gi fir déi psychesch Gesondheet vun den eelere Leit?
  • Gëtt et eng psychologesch Betreiung esouwuel an den Alters- a Fleegeheemer wéi och iwwer d’Reseaue bei de Leit doheem?
  • Wann nee, deelt d’Regierung d’Meenung datt et néideg wier an dësem Beräich de Leit zousätzlech Ënnerstëtzung ze ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck