Stëmmt et, datt de Gros vun den Dokteren an den Apdikter nach guer net iwwer d’Impfstrategie vun der Regierung informéiert gi sinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Aus engem rezente gemeinsame Bréif vum Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois (SPL) an der Association des Médecins et Médecins-Dentistes (AMMD) kann ee rausliesen datt de Gros vun den Dokteren an den Apdikter nach guer net iwwer d’Impfstrategie vun der Regierung informéiert sinn.

Bis elo si bekanntlech déi Quantitéite Vaccine déi zur Verfügung stinn un de Secteur hospitalier an un de Fleegesecteur verdeelt ginn. Vu déi, am Moment, ganz limitéiert Unzuel un Impfdosen, muss een dovun ausgoen, datt wa bis d’Gesondheetspersonal dat direkt muss geschützt ginn (Urgencen,, Intensivstatiounen, Covid-Statiounen etc.), geimpft ass, keng Vaccine méi disponibel si fir dat aner Personal aus dem Gesondheetssecteur, obwuel dës Leit eisen Informatiounen no och schonn ugeschriwwe goufe fir sech impfen ze loossen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung d’Informatiounen aus dem uewe genannte Bréif confirméieren?
  2. Wa jo, fir wat goufen dës representativ Associatiounen aus dem Gesondheetsberäich nach net informéiert an/oder consultéiert?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et imminent wichteg ass d’Haaptacteuren aus dem Gesondheetssecteur mat anzebannen, well och si et sinn déi no beim Patient kënnen direkt Campagne fir d’Impfung maachen?
  4. Kann d’Regierung bestätegen datt méi Gesondheetspersonal ugeschriwwe gouf wéi iwwerhaapt Vaccine de Moment zur Verfügung stinn? Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt dëst zu Konfusioun ka féieren?
  5. Eng Rei europäesch Länner schaffe grad un enger legaler Basis wat d’Festleeë vun de prioritäre Bevëlkerungsgruppe fir d’Imfdosen ugeet. Schafft d’Regierung och un enger legaler Basis fir d’Verdeele vun de Vaccine? Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Marie Halsdorf                Martine Hansen                Claude Wiseler

Deputéierten                           Deputéiert                         Deputéierten

Zréck