A wéi engem Fall kënnen Persounen, déi duerch eng bestëmmte Krankheet mat Bluttverdënner behandelt ginn, awer géint de Covid-19 geimpft ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen sollen respektiv kënnen Persounen déi mat Bluttverdënner behandelt ginn net géint den Covid-19 geimpft ginn.

Deemno beseet och en Artikel ob rp-online.de mam Titel „Was Patienten mit Blutverdünnern vor der Corona-Impfung wissen müssen“ datt eng intramuskulär Injektioun schwiereg ass bei Mënschen déi mat Bluttverdënner behandelt ginn op Grond vu kardiovaskuläre Krankheeten ewéi enger fibrillation auriculaire (Häerzrhythmusstéierungen) oder awer och Thrombosen oder Longenembolien etc. An Däitschland géife beispillsweis 1 Millioun Leit un enger fibrillation auriculaire leiden. Wärend bei villen Impfungen kéint subkutan, also just ënnert d’Haut gesprëtzt ginn, misst bei der Corona-Impfung dréngend an de Muskel gepickt ginn. Dëst géif awer a villen Fäll zu engem geféierlechen Hematom féieren bei Patienten déi des Gerënnungshëmmer huelen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung sech schonn mat dësem Probleem auserneen gesat?
  • Wéi vill Menschen ginn zu Lëtzebuerg mat Bluttverdënner behandelt?
    • Wat sinn d’Altersklassen vun dëse Patienten?
    • Befënnt d’Majoritéit dovun sech an eisen Alters- a Fleegeheemer?
  • A wéi engem Fall kënnen dës Persounen, déi duerch eng bestëmmte Krankheet mat Bluttverdënner behandelt ginn, awer géint de Covid-19 geimpft ginn?
    • Wann dës Persounen eng Zäit laang keng Medikamenter méi huelen, kënnen se dann geimpft ginn?
    • Wat ass d’Recommandatioun vun enger «  intelligenter Pauséierung » wëssend dass et Leit ginn déi duerch d’Gravitéit vun hirer Krankheet staark op dës Medikamenter ugewisen sinn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck