Wat ass der Regierung hier Stellung zu der humanitärer Katastroph a Bosnien an a Griichenland? Gedenkt d’Regierung e Bäitrag ze leeschten?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.

Op den EU-Aussegrenzen spëtzt sech d’Situatioun vun de Migranten op Grond vun den Zoustänn an den Lageren an der Wanterkeelt ëmmer méi zou. D’Flüchtlingslager Lipa ass duerch d’Feier dat viru Chrëschtdag do ausgebrach war komplett zerstéiert ginn. Vu dass déi bosnesch Autoritéiten bis elo awer keng Ënnerkonft vir déi betreffend 1000 Migranten organiséiere konnten, sinn dës erëm an dat ofgebrannten Lager zréckgeschéckt ginn, an verbleiwen do an Zelter ouni Heizung bei Minusgraden. Och an Griichenland, am Lager Kara Tepe, wou am September e Feier ausgebrach war, fréieren eng Ronn 7000 Flüchtlingen an Zelter. D’humanitär Situatioun verschlechtert sech emmer méi. Deemno ass an Däitschland en oppenen Sträit tëschent der CDU an der SPD ausgebrach, ob an wat d’Bundesregierung mee awer och d’Europäesch Unioun dogéint ënnerhuele kéint.

Den 2. Januar 2021, huet den Här Johann Sattler, EU Ambassadeur an Bosnien an Herzegowina, wärend engem Treffen mam bosneschen Sécherheetsminister Selmo Cikotic an weideren Botschafter aus Däitschland an Éisträich d’Situatioun vun den obdachlose Flüchtlingen als «vollkommen inakzeptabel» erkläert. D’Liewen an d’Grondrechter vun honnerte Mënschen wieren extrem a Gefor. Däitschland, Éisträich an Italien géingen momentan iwwer Noutfallmoossnamen beroden.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat ass der Regierung hier Stellung zu dëser humanitärer Katastrophe?
  • Gedenkt d’Regierung e Bäitrag ze leeschten?
    • Wa jo, wéi gedenkt Regierung dat ze maachen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck