Konnt d’Regierung scho Covid19-Impfdosen onofhängeg vun der EU bestellen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Rezente Berichter an der Presse no, déi sech deelweis och op Aussoe vu Beamte baséieren, kéinte bis Enn Mäerz 36.000 Leit am Grand-Duché géint de COVID-19 geimpft gi woubäi ronn 38.000 Leit am Fleege- a Gesondheetssecteur hei am Land schaffen. Aktuell wieren 9.700 Impfdosen ukomm mat deene 4.850 Leit kéinte geimpft ginn.

An enger Äntwert op eng aner drénglech parlamentaresch Fro hat d’Madamm Gesondheetsminister zu enger Penurie vun Anti-COVID-Vaccine an der EU Folgendes matgedeelt : « D’Regierung huet sech positionéiert fir déi zousätzlech optionnell Impfdose bestellen ze kënnen, déi an de Kontrakter déi d’europäesch Kommissioun ausgehandelt huet virgesi sinn. Parallel ass och direkte Kontakt mat deene verschiddene pharmazeutesche Laboratoiren opgeholl ginn. »

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Sinn déi Informatiounen zu den 9.700 Impfdose fir 4.850 Leit ze impfen nach aktuell ?
Stëmmt d’Informatioun datt bis Enn Mäerz 36.000 Leit kënne geimpft ginn ?
Wéi vill Leit schaffe genau am Fleege- a Gesondheetssecteur ?
Wéi vill Leit am Land si bis haut mam Anti-COVID-Vaccin geimpft ginn ?
Wéi ass d’Äntwert vun der Madamm Gesondheetsminister ze verstoen datt d’Regierung sech positionéiert fir zousätzlech Impfdosen ze bestellen ?
Konnt d’Regierung duerch den direkte Kontakt mat verschiddene pharmazeutesche Laboratoirë schonn zousätzlech Impfdosen onofhängeg vun der EU bestellen ?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen          Jean-Marie Halsdorf       Claude Wiseler

Deputéiert                  Deputéierten                  Deputéierten

 

 

Zréck